Wien sinN ech

Mäin Numm ass Christine Backes. Ech hunn 2 wäiss Schéiferhënn, duerch déi ech d´Freed um Training mat Hënn entdeckt hunn. Di 2 si fir all Méigleches ze begeeschteren, Haaptsaach et mécht Spaass.

 

Ech hunn bei der Akademie für Tier- und Naturheilkunde d´Ausbildung zum Hondstrainer a Verhalensberoder gemaach. Nieft de Coursen am Kader vu menger ATN - Ausbildung besichen ech reegelméisseg Seminaire. Wien doriwwer méi wësse well, fënnt eng genee Oplëschtung vun all de Seminaire ënnert der Rubrik Qualifikatiounen.

 

Ech bidden de Moment Eenzeltraining un an de Gruppecours Mupp meets Mupp. Aktuell sin ech an der Muppeschoul nicedogs aktiv an hellefen do mat de Gruppencoursen Alldagshond Level 1 - Level 3.