Fair. Frendlech. Entspaant. SPAASS

 

Dat allerwichtegst am Training ass fir mech, dass ee Spaass um Training huet - Hond a Mënsch gläichermoossen.

 

Mir ass am Training e fairen a frëndlechen Ëmgang mam Hond wichteg, deen op Vertrauen a Respekt baséiert. Ech leeë grousse Wäert op eng roueg an entspaanten Zesummenaarbecht mam Hond.

 

Ech schaffen am Training NET mat Schreckreizer, wéi z.B.  Discscheiben, Rappelduesen, Waasserpistoulen, Sprühhalsbänner, asw.

Ech schaffen och net mat Utensilien, déi dem Mupp weíh dinn (z.B. Stachelhalsbänner oder Stroumhalsbänner).

 

Wichteg am Training mam Mupp ass virun allem eng kloer an eendeiteg Kommunikatioun tëscht Mënsch an Hond. Ech schaffen dofir am Training mat engem Markersignal, dat dem Hond eng präzis Réckmeldung gëtt, dass hien eppes gutt gemaach huet an hien zouverlässeg iwwert Konsequenze vu sengem Verhalen informéiert.

 

E weidere Punkt, dee mir am Training wichteg ass, ass de Fokus op dat erwënschte Verhale vum Hond ze lenken an ze léieren erwënschte Verhale beim Hond ze erkennen a mat Hëllef vun bedürfnisgerechten Belounungen ze verstäerken (Fudder, Spillsaachen,Sozialkontakt, Emweltbelounungen,...). Onerwënschte Verhale gëtt fair a frëndlech ënnerbrach an den Hond léiert en zouverlässegt Ersatzverhalen

 

 

E gudden Training bedeit och, den Hond net ze iwwerfuerdere mee sech dem Lerntempo vu sengem Hond unzepassen. Dofir ass et wichteg, dass ee Stresssignaler vum Hond rechtzäiteg erkennt. Hënn kommunizéiere mat hirer Kierpersprooch oftmools ganz subtil, dat kann en widderhuelend Blënzele sinn, sech puer mol iwwert Schnuff lecken, de Bléck ofwenden, hechelen, sech krazen asw. Alles Signaler, déi en Unzeechen dofir kenne sinn, dass de Mupp mat enger Situatioun iwwerfuerdert ass. Ech hëllefen iech dobäi ärem Hond seng Kierpersprooch kennen a verstoen ze léieren.

 

 

Ech huelen iech d´Erzéiung vun ärem Mupp net of. Zil vun engem gudden Training soll sinn, dass dir herno eegestänneg mat ärem Mupp schaffe kennt a Freed a Spaass um Training mam ärem Mupp hutt.