SOCIAL WALK

 

Wéini: gëtt mat gedeelt soubal sech 4 Teams ugemellt hunn

 

E social walk ass en begleeten Trainingsspadséiergang an enger Grupp vun 4 - 6 Muppen.

 

Jee no Fäegkeet an Problemstellung vun den Teilnehmer-Teams, kennen ënnerschiddlech Schwéierpunkte gesat ginn:

  • Begeignungstraining mat Muppen an Mënschen
  • Kommunikationsfähegkeet ënnert den Hënn verbesseren
  • gutt Verhalen vum Hond par Rapport zu aneren Hënn verstäerken
  • Leinenführigkeit festegen
  • un der Frustrationstoleranz und Impulskontrolle schaffen

Muppen sinn wärend dem ganzen Spadséiergang an der Léngt an et gëtt op di néideg Distanz zu deenen aneren Teilnehmer opgepasst fir Muppen net ze iwwerfuerderen.

 

 De social walk ass besonnesch fir Muppen:

  • déi onsécher am Emgang mat aner Muppen an /oder Leit sinn
  • déi sech net mat anere Muppen verdroen oder eng Leinenaggressioun hunn
  • déi aner Muppen mat Spill a Spaass verknüpft hunn an sech bei aner Hënn schwéier berouegt kréien oder uspriechbar sinn

 

Viraussetzung fir deel ze huelen, ass dass de Mupp schonn gewësse Grondkenntnisser huet. Dat gëtt zesummen mat mir an enger Eenzelstonn gekuckt.

 

 

 

Wien interesséiert ass, kann sech gären schonn bei mir umellen.