Mupp meets Mupp ass en Cours an Zesummenaarbecht mat dogcoach an nicedogs.

 

Dëse Cours ass fir Muppen, déi dobausse beim Spadséieren op aner Muppe reagéieren z.B. billen, an Léngt sprangen, sech fest setzen an net méi weider ze kréie sinn,...

 

Mir hëllefen iech an dësem Cours ze verstoe firwat äre Mupp dat Verhale weist, wéi et zu onerwënschtem Verhale komme kann a wat ee maache ka fir méi entspaant anere Muppen ze begéinen.

 

Dëse Cours dauert all Kéiers 70min mat 4 Mënsch-Hond Teams pro Grupp.

 


Inhalt vum Cours:

  • Theorie
  • Markersignal
  • Opmierksamkeetswuert
  • Ëmorientéierung zum Mënsch
  • Ersatzverhale léieren
  • Management-Moossname fir den Noutfall
  • Muppebegéignungen op ënnerschiddlech Plazen a Situatiounen

 

Viraussetzung fir bei dësem Cours mat ze maachen ass eng Eenzelstonn fir d'Mënsch-Hond Team virdru kennen a Rou kennen ze léieren.