Dëse Cours festegt d'Übungen aus dem Alldagstraining - Basis Cours d.h. hei ginn di geléiert Signaler ënner méi Oflenkung trainéiert. Mir trainéieren och hei
net méi um Terrain mee op ennerschiddlegen Plazen.
Inhalt vum Cours:
- locker Léngt dobaussen (z.B. laanscht Vëloen, Jogger, aner Hënn)
- Bleif ënnert grousser Oflenkung
- Sëtz/Platz op Distanz
- Réckruff ënner Oflenkung
- Muppebegéignungen entspaant meeschteren
Dëse Cours ass e Package:
5x Gruppenstonnen (60min mat Pausen)
Wou: Vëlospist, Park, Bësch
Präis: 100,00 €
Viraussetzung fir un dësem Cours deel ze huelen ass entweder d´Matmaachen am Cours "Alldagstraining-Basis" oder eng Eenzelstonn fir den Trainingsstand vum Mënsch-Hond Team an ze schätzen.