Du an däi Mupp wäert iech bei eis wuel fille
wann's:
- du däi Mupp gäre belouns,
- du net erwaarts, dass däi Mupp eppes mécht, nëmme well en dech sou gären huet,
- du Spaass drun hues eppes zesumme mat dengem Mupp ze maachen,
- du Spaass drun hues Neies ze léieren,
- du de Feeler net bei dengem Mupp sichs, wann eppes net klappt, mee bei dir selwer,
- du net vun dengem Mupp erwaarts op Knappdrock ze funktionéieren,
- du fënns, dass däi Mupp e gudde Kolleg ass an och sou behandelt well ginn,
- du iwwerzeegt dovu bass, dass Training och ouni Drock an Drohe geet,
- du wäert drop lees, dass och däi Mupp mat Freed um Training dobäi ass.