Firwat Eenzeltraining
Eenzeltraining bitt Méiglechkeet intensiv op en Mënsch-Hond-Team an ze goen. Ech ka mech zu 100% op iech an ären Hond konzentréieren. Zesummen erschaffe mir
fir iech äre ganz perséinlechen Trainingsplang, deen un är Wënsch an dem Hond seng Bedürfnisser ugepasst ass. Eenzelstonne ginn do gemaach, wou et dem Mënsch-Hond Team am
Beschten hëlleft. Dat ka bei iech doheem sinn, op ärer alldeeglecher Gassi-Streck, an enger Stad asw.
Am Eenzeltraining ass et méiglech ganz gezielt un engem Problem-Verhalen ze schaffen an zesummen en anert, erwënschte Verhalen opzebauen. Net all Verhalen
ass belibeg ze korrigéieren. Mee et geet vill méi drëms, dass een zesummen no akzeptabele Léisungsweeër sicht, déi en harmonescht Zesummeliewen erëm erméiglechen.
Verhalensopfällegkeete kenne sinn:
Ängstlechkeet, Geräischangscht, Trennungsstress, Ressourceverteidegung, Begeignungsproblematiken an der Léngt, abnormalt repetitivt Verhalen, ...